26/04
Gemenge- walen 2017
Den 8. Oktober 2017 sinn déi nächst Gemengewalen. Zanter 2005 kënnen auslännesch Staatsbierger bei de Gemengewale matmaachen, wann se um Dag vun de Gemengewalen op d’mannst 18 Joer al sinn, an de Moment wou se sech an d’Wielerlëschten aschreiwen, op d’mannst säit 5 Joer am Groussherzogtum hire Wunnsëtz hunn. Aschreiwen an d’Wielerlëschte kann een sech nach bis den 13. Juli 2017 bei senger Gemeng.
Méi Informatiounen iwwert d’Aschreiwungsprozedur an iwwert d’Missioune vun de Gemenge fannt dir a 5 Sproochen op der Websäit vun der Campagne:
an op der Facebook-Säit








KOMMENTAREN :