AGENDA

Juli 2018

    Keng Events ugekënnegt
mois précédent
mois suivant

09/05

Info-Dag

D’Corinne Cahen beim Informationsdag fir d’Signataire vum CAI

De Net-Lëtzebuerger d’Moyene ginn, fir sech besser ze integréieren

Corinne_Cahen

Dodrun huet d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen um Informatiounsdag erënnert, dee vum OLAI fir d’Signataire vun engem CAI (Contrat d’accueil et d’intégration) organiséiert gouf (CAI, http://www.olai.public.lu/fr/accueil-integration/mesures/contrat-accueil/index.html).

Den Informatiounsdag, grad wéi déi aner Prestatiounen déi am Kader vum CAI ugebuede ginn, hunn als Zil, dem Signataire d’Sproochen, d’Kultur, d’Economie an d’Institutioune vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen. Et geet drëms, hinnen déi noutwendeg Mëttelen ze ginn, fir sech verstäerkt um wirtschaftlechen, kulturellen, sozialen awer och politesche Liewe vum Land ze bedeelegen.

An deem Zesummenhang huet d’Ministesch drun erënnert, dass Net-Lëtzebuerger schonn ënner gewësse Konditioune bei de Gemengen- an Europawahle kënne wiele goen, an dass et bei enger vun de Froe beim Referendum vum 7. Juni ëm d’Ausdehnung vun deem Recht op d’Legislativwahle geet.

Dee voll besatene Sall huet souwuel de Wëlle vun den Auslänner fir sech ze integréieren, wéi och de Succès vum CAI bewisen. Dee Succès ass iwwregens vun enger Etude vun der Uni Lëtzebuerg confirméiert ginn, bei där eng grouss Majoritéit vun de gefrote Leit sot, si wieren zefridde mam CAI a mat senger Utilitéit am Integratiounsprozess. 

D’Integratioun ass e Prozess, dee souwuel de Wëlle vum Net-Lëtzebuerger wéi och och d’Hëllef vu Säite vun der Gesellschaft erfuerdert, déi en ophëlt.

(photo : Tim Lecomte)

KOMMENTAREN :