AGENDA

September 2018

    Keng Events ugekënnegt
mois précédent
mois suivant

22/09

Journée portes ouvertes des institutions

Samschdeg, de 24. September 2016 maachen nees eng ganz Rei national an europäesch Institutiounen zu Lëtzebuerg hir Diere fir de Public op: Eng gutt Geleeënheet, fir sech net just d’Gebaier unzekucken, mee och iwwer d’Roll an de Fonctionnement vun deene verschiddenen ëffentlechen Acteuren ze informéieren.
 
D’Institutiounen an d’Ministèren déi matmaachen, sinn am Stadkär vun 10 bis 18 Auer op, d’Institutiounen um Kierchbierg vu 14 bis 18 Auer. Am Nomëtteg fonctionnéiert eng gratis Busnavette am 20-Minutten-Takt tëschent dem Zentrum (Haltestell: Kathedral) an dem Europa-Quartier um Kierchbierg.
 
All d’Gebaier sinn op d’mannst zum Deel accessibel fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
 
Denkt w.e.g. drun, Är Carte d’identité matzebréngen. Déi aktuell Ëmstänn maache leider gewësse Sécherheetsmesuren noutwenneg. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech.
 
MAP

KOMMENTAREN :